Inneminister an deputéierte Premier Alfred Perez Rubalcaba huet awer gesot, datt all Regierungen a Parteien an der spuenescher Demokratie en onwiderrufleche Schluss zu der ETA Gewalt verlaangen. 'Et ass erëm evident, datt si net gemaach hunn, wat di demokratesch Parteie gehofft hunn', sot hien.
ETA hat am Mäerz 2006 eng Wafferou annoncéiert. Mä am Dezember vum selwechte Joer hunn ETA Kämpfer eng Bomm an engem Parking vum Madrid-Barajas Fluchhafen gezünt. Dobäi ware 2 Männer ëm d'Liewe komm. Sechs Méint duerno huet d'Organisatioun d'Wafferou zeréckgezunn.
Envoyer cet article par emailAuthors: news352