Mercredi 25 Septembre 2024
taille du texte
   
Mercredi, 01 Décembre 2010 00:00

US-Ambassadrice Cynthia Stroum annoncéiert Récktrëtt

'Mat Regret annoncéieren ech mäi Récktrëtt als Ambassadrice vum 31. Januar 2011 un fir zeréck a mäi Privatliewen an den USA ze kéieren. D'Realitéit ass datt ech mech op meng Famill an op meng perséinlech Affaire konzentréiere muss', huet si geschriwwen.

D'Cynthia Stroum huet och erklärt datt et eng schwéier Decisioun war well si an der kuerzer Zäit wou si hei war staark Verbindungen zu Lëtzebuerg an den Awunner opgebaut huet. Si wier och

stolz op dat, wat si fäerdegbruecht huet, zënter datt si am Hierscht 2009 als US-Ambassadrice zu Lëtzebuerg ukomm ass.

Ob de Récktrëtt eppes mat der WikiLeaks-Affaire ze dinn huet, huet News352.lu gefrot. An den Dokumenter huet d'Cynthia Stroum d'Lëtzebuerger Regierung kritiséiert wou se mat der Opnam vun engem Guantanamo-Häftling gezögert huet. Dëst huet d'Ambassade-Spriecherin Kareen Thorpe awer ofgestridden. WikiLeaks hätt keen Afloss op d'Entscheedung vum Cynthia Stroum gehat.

Den Ausseminister Jean Asselborn huet sech och dozou geäussert a wënscht der Madame Stroum alles Guddes an Erfolleg an hire zukünftege Projeten.

Foto: © Steve Eastwood / Archive

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn