Dimanche 29 Septembre 2024
taille du texte
   
Dimanche, 11 Avril 2010 00:00

EU Kommissioun wëll Donnéeën vun Internetbenotzer besser protegéieren

Si hunn notamment Wëlles, en „Droit à l'oubli" anzeféieren, wat dem Internetbenotzer d'Kontroll iwwer seng Informatiounen, Accès u seng eegen Donnéeën, d'Ännerung an d'Läschen vun den Date vereinfache soll.

Di aktuell Direktiv ass vum Joer 1995, virum Essor vum Internet.

EU-Justizkommissarin Viviane Reding ass responsabel fir den Dokument an huet betount, datt Internetbenotzer vill méi Kontroll iwwer hir perséinlech Donnéeë sollen hunn. Dat wier en essentiellt Recht an der Welt

vun haut.

Internetbenotzer sollen en “Droit à l'oubli“ hunn, wou se Informatiounen, déi net méi ze gebrauche sinn, effacéiere kënnen, wat den Ament awer nach net méiglech ass. Informatiounen, déi volontaire oder net volontaire op den Internet gesat goufen, sinn heiansdo joerelaange erëmzefannen.

Di nei Regelen sinn haaptsächlech fir online Zerwisser, wéi Facebook, utile, wou Benotzer oft hiert ganzt Liewen online setzen, mä d'Konsequenzen net kontrolléiere kënnen. Esou sollen och zukünfteg Problemer mat Projeten wéi Google Streetview evitéiert ginn.

D'EU Kommissioun wëll och Sécherheetsmoossnamen an d'Conservatioun vun Donnéeën am Domaine vun der Police an der Justiz reviséieren.

D'Ideeën ginn enger Consultatioun publique bis Mëtt Januar ënnerstallt. Déi gesetzlech Propositiounen wäerten dann nächst Joer am EU Parlament agereecht ginn.

D'Protektioun vum Privatliewen ass fir Europäer en immens sensibele Sujet. Säit Joren gëtt mat den USA, déi am Kampf géint den Terrorismus vill Donnéeën mat Hëllef vun Internetgigante wéi Google oder Yahoo gesammelt hunn, negociéiert. Et gëtt eng besser Kontroll iwwer Donnéeën an eng Reductioun vun der Periode vum Stockage vu verschiddenen Informatioune gefrot. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn