Mercredi 27 Novembre 2024
taille du texte
   
Samedi, 11 Septembre 2010 00:00

Den neie Yellow.lu ass do

De Site offréiert eng Rei vun Zerwisser: en Annuaire, en Immobilier a Partnerschaft mat atHome.lu, en Autosmaart mat Luxauto.lu, an eng Aarbechtssektioun.

Avancéiert Recherche-Optiounen erméiglechen dem Benotzer, besser a méi efficace dat ze fannen, wat se sichen. Esou erméiglecht zum Beispill eng 'Recherche à Proximité' an enger gewëssener Géigend e Geschäft oder e Restaurant ze fannen.

Virun allem ass d'Interaktivitéit vu Yellow.lu bemierkenswäert. Esou ass de Site net méi

nëmmen en  traditionellen Annuaire wou ee just Telefonsnummeren an Adressë rëmfënnt, mä eng originell Plattform op där de Benotzer seng eegen Informatioune selwer geréiere kann.

Fir privat Benotzer heescht dëst, datt se aner Kontakt-Informatiounen eropluede kënnen, wéi hire Facebook Profil oder Twitter Kont. Dobäi kann een eng Favorite-Lëscht maachen oder op Facebook Informatioune matdeelen.

Den interaktiven Aspekt vum Site wëll datt Entrepreneuren d'Méiglechkeet hunn, fir d'Informatiounen iwwer hire Business z'editéieren, zum Beispill Öffnungszäiten änneren oder Solden annoncéieren.

De Marc Neuen vu Yellow.lu bezeechent de Site och als 'sozialt Netzwierk' fir Entreprisen. Hie sot: 'D'Entreprisen hunn elo eng efficace Plattform fir d'Kommunikatioun vun Informatiounen zu der richteger Zäit an un de richtege Publikum'. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn