Lundi 30 Septembre 2024
taille du texte
   
Samedi, 11 Septembre 2010 00:00

ArcelorMittal wëll Ierz aus der Arktis kafen

De Kampf ëm di kanadesch Entreprise Baffinland Iron Mines verschäerft sech. Den zu Lëtzebuerg baséierte Eisenierzproduzent ArcelorMittal huet e Méindeg eng Offer fir Baffinland an hirem Entwecklungsprojet 'Mary River' an der kanadescher Arktis ugekënnegt.

Laut enger Vereinbarung tëscht den zwee Entreprisen sollen d'Lëtzebuerger d'Aktien fir 1.10 Dollar pro Stéck iwwerhuele kënnen.  

De Management vu Baffinland huet den Aktionäre recommandéiert, d'Offer, déi bis de 16. November

gülteg ass, unzehuelen. Dëst 'frëndlech' Iwwerhuelen steet engem 'feindlechen' Ugebuet duerch Nunavut Iron Ore Acquisition, eng US-Investmentfirma, entgéint.

D'Offer vun ArcelorMittal läit 15,8 Prozent iwwer der Börsen-Schluss-Positioun vum 5. November an um 37,5 Prozent méi héich wéi dee vun Nunavut Iron Ore.

Fir ArcelorMittal passt en Iwwerhuelen vu Baffinland zu hirer Strategie, an där d'Entreprise hir eegen Minnen ausbaue wëllen, fir duerno onofhängeg ze ginn. Fir 4 Milliarden US-Dollar wëll de Konzern op Akafstour goen an dem Eisenierz-Ofbau bis 2015 vu momentan 50 op 100 Milliounen Tonnen verduebelen.    Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn