Mercredi 02 Octobre 2024
taille du texte
   
Lundi, 11 Octobre 2010 00:00

EU-Kartellprozess: Cargolux muss 80 Milliounen Euro bezuelen

Di eelef Firmaen, dorënner Air France, British Airways, an di australesch Fluchgesellschaft Qantas, mussen insgesamt 799,4 Milliounen Euro bezuelen. Dëst gouf vun der Kommissioun zu Bréissel matgedeelt.

D'Lufthansa a Schwäizer Duechtergesellschaft Swiss International Airlines däerfen eng reduzéiert Geldstrof bezuelen, well si der Kommissioun 'wäertvoll Informatiounen' iwwer de Kartell zur Verfügung gestallt hunn.

D'Fluchgesellschaften hunn, den Angabe vun der EU-Kommissioun no, iwwert en Zäitraum vu 6 Joer –

vun Dezember 1999 bis Februar 2006 – Präisser vu Petroll a Sécherheetszouschléi ofgeschwat. D'Ofspriechen hätte sech op Flich an, an aus, dem EU Wirtschaftsraum bezunn.

'Et ass bedauerlech, datt esou vill grouss Fluchgesellschaften hir Präisser zum Nodeel vun europäesche Gesellschaften a Verbraucher ofgeschwat hunn', sot den EU-Wettbewerbskommissar Joaquín Almunia. Mat den héije Geldstrofen géif d'Kommissioun kloerstellen, datt Karteller net acceptabel sinn.

Di héchst Strof vun 182,9 Milliounen Euro muss Air France bezuelen. Dobäi kennt, datt hire Partner KLM eng 127 Milliounen Euro ze bezuele kritt. British Airways huet mat 104 Milliounen Euro di drëtthéchste Strof kritt.

Di aner Gesellschafte si Qantas, Air Canada, LAN, SAS, d'Lëtzebuerger Cargolux, Marinair, Cathay Pacific, Japan Airlines a Singapore Airlines.

Singapore Airlines ass den eenzege Konzern gewiescht, dee keng Reduktioun vun der Strof krut, obwuel en och Informatiounen iwwer de Kartell presentéiert huet. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn