An Zesummenaarbecht mat Zentren a Jerusalem an Aberdeen, souwéi mam israelesche Medeziner Dr. Haum Mishe Adahan, soll esou een Zentrum och zu Lëtzebuerg entstoen. Esou kéint de Cannabis als medezinesche Wierkstoff weider erfuerscht ginn.
De Colombera huet erëm seng Fuerderung vun der Legaliséierung vum Cannabis fir de medizinesche Gebrauch betount. Hie sot, datt Substanzen wéi 'Bedrocan', 'Bediol' a 'Bedrobinol' zu Lëtzebuerg nom hollännesche Virbild legaliséiert gi sollen.
Gesondheetsminister Mars Di
Bartolomeo huet awer wëlles, de Verbuet vun den dräi Substanzen, déi vun de Bléie vun der weiblecher Cannabis-Planz stamen, festzehalen.
Allerdéngs kéinten ënner gewëssene Viraussetzungen a Lëtzebuerg de Mondspray 'Sativex' (och e Medikament aus Cannabis-Substanzen), deen a Spuenien a Groussbritannien erlaabt ass, genehmegt ginn.
Envoyer cet article par email