Jeudi 03 Octobre 2024
taille du texte
   
Jeudi, 11 Novembre 2010 00:00

Clearstream: 71 Plazen suppriméiert am Plaz vun 91

Säit Woche gëtt vun 91 Licenciementer geschwat, mä gëschter gouf d'Entscheedung geholl, dëst Unzuel ze reduzéieren. Esou verschwannen 71 Aarbechtsplaze bis am Joer 2012.

D'IT Equipe ass am meeschte betraff, wou 40 Persounen mat 17 Licenciementer rechne kënnen. D'Business Sektioun soll 14 Plaze manner hunn.

Clearstream Luxembourg Spriecher Nicolas Nonnenmacher huet zu News352 gesot, datt 30 Persoune scho vun engem Plazéierungsprogramm profitéiere konnten. Do bleiwen nach 41 Plazen déi gestrach ginn.<br

/>
Dëst Moossnam gouf am Kader vun enger Strategie, dee d'Käschte vun der Firma reduzéiere soll, vun der Mammegesellschaft Deutsche Börse geholl. Bis 2012 sollen eng 150 Milliounen Euro am ganze Grupp gespuert ginn, dorënner 40 Millioune bei Clearstream.

'80% vun dëser Zomm bezitt sech net op d'Personal', huet de Nonnenmacher präziséiert, 'Mä d'Licenciementer sinn net ausgeschloss'.

Eng relativ gutt Neiegkeet fir Clearstream Luxembourg.

Et gouf och vun enger Delokaliséierung vun der IT Equipe op Prag geschwat, mä dat ass och net méi de Fall. D'Equipe wäert zu Lëtzebuerg bleiwen.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn