Mercredi 09 Octobre 2024
taille du texte
   
Samedi, 11 Décembre 2010 00:00

24. Editioun vun der Studentefoire (Video)

Honnerte vu Schüler a Studente sinn um Mëttwoch, um éischten Dag vun der Ausstellung, an d'Foireshalen vun der Luxexpo gestréimt. Och haut gëtt mat groussem Undrang gerechent.

Während deenen zwee Deeg informéieren 187 Aussteller aus 17 Länner, dorënner Universitéiten, Banken a staatlech Verwaltungen, déi Jonk iwwer verschidden Zukunftsoptiounen.   

Vill vun de Schüler hu schonn eng Iddi, wat se nom Lycée maache wëllen, wou se studéieren wëllen, a

wéi ee Beruff si interesséiert. Si hunn zu News352 gesot, si hätten d'Foire immens praktesch an interessant fonnt. Si hätten elo eng besser Iddi, wat d'Méiglechkeete sinn.

Op der Foire hunn di potentiell Studenten d'Méiglechkeet, mat verschiddene Representanten ze schwätzen an Informatiounskatalogen ofzehuelen. Virun allem si vill Studentenorganisatiounen do, déi hir Universitéiten virstellen an och Conseile ginn.

Dëst Joer gëtt d'Thema vun der Mobilitéit gefuerdert. Vill Studenten aus Lëtzebuerg ginn an d'Ausland studéieren, verschiddener esouguer bis an d'USA oder Australien. Di meescht bleiwen awer an engem Ëmkrees vun 200 km. De Cedies wëll de Sënn vun engem Auslandsstudium fuerderen, wat jo bei e multikulturellt Land wéi Lëtzebuerg passt.

D'Foire ass vun 9.00 bis 18.00 Auer op. D'Entrée ass gratis. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn