Mardi 02 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Vettel: De jéngsten F1 Champion

'Ech sinn nach e bësse sprachlos. Einfach net ze gleewen! D'Saison war fir mech a fir eis all haart, physesch a mental. Mee ech hunn u mech selwer gegleeft an ech hu versicht, den Drock vu mir ewech ze huelen. Den Auto war phenomenal. Et ass en Dram.' huet hie gesot 'Eemol am ganze Joer op der Spëtzt ze sinn, a ganz zum Schluss, ass eppes Besonnesches'. 

Dem Vettel seng Chancen haten am Ufank kléng ausgesinn, mat senger Positioun, mat 15 Punkten Retard, an 3. Plaz op der Grille. De Vettel huet awer eng irreprochabel Course realiséiert an huet bis

zum Schluss assuréiert.

'Ech hunn et net gewosst, ier ech de Fändel dépasséiert hunn. Während den zéng leschten Touren huet mäin Ingenieur mech iwwer Radio gedriwwen, ouni mir eppes ze soen. Wou ech iwwer d'Ligne komm si sot hien, et géif gutt ausgesinn mä et misst een nach ofwaarden. Duerno huet e gejaut, 'Du hues de Weltchampionnat gewonnen!', huet de Vettel erzielt. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn