Mardi 02 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Australier lieft mat Honnerte vu Spannen a Schaufënster

Fir e gudden Zweck huet sech den Australier fir dräi Wochen an eng Vitrine mat Honnerte vu Spannen ageschloss. Zwar ass dëst Aktioun 'e bësse verréckt', mä e wier sech sécher, datt en net gebass gëtt, sot de 'Spannemann' Nick le Souef zu AFP. Mat dëser Muttprouf wëll hie 50.000 US-Dollar (ongeféier 36.500 Euro) fir eng Organisatioun fir Kanner sammelen.

De Le Souef wëll an den nächsten dräi Wochen Dag an Nuecht an der Vitrine verbréngen, wou en ursprénglech sollt vun 400 Spannen ëmgi

sinn. E puer vun den Déieren hu sech awer um Weekend géigesäiteg gefriess, sot de Le Souef. Hie géif awer fir Remplacementer suergen.

D'Spannen hunn d'Gréisst vun enger Handfläch a sollen sech vu Kakerlaken a Grillen ernähren. De Le Souef huet scho virun 30 Joren mat enger ähnlecher Aktioun fir Opreegung gesuergt, wou hie mat Spannen an engem Käfeg gelieft huet. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn