Mardi 02 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Gemëschte Reaktiounen op de Budgetsprojet 2011

p { margin-bottom: 0.21cm; }Gëschter huet d'Cour des Comptes seng Meenung zum Budget 2011 ginn. Si gesäit d'Efforten fir den Defizit ze reduzéieren als positiv. A w

p { margin-bottom: 0.21cm; }

Gëschter huet d'Cour des Comptes seng Meenung zum Budget 2011 ginn. Si gesäit d'Efforten fir den Defizit ze reduzéieren als positiv.

De President Marc Gengler gleeft drun, datt d'Regierung den Defizit 2011 (1,2 Milliarden Euro

fir 2010) gutt ënner Kontroll kréie wäert. 'Den Equiliber wäert méi fréi wéi erwaart erëm do sinn', sot hien.

Anerersäits gouf festgestallt, datt et am Projet u strukturelle Reformen am Bezuch zum Pensiouns- a Gesondheetssystem fehlt.

D'Chambre des Métiers an d'Cour des Comptes sinn allen zwee domadder averstanen, datt di zwee Secteuren vun der Pensioun a vun der Gesondheet onbedéngt mussen op enger effizienter Art a Weis adresséiert ginn, fir d'Finanzen op eng laang Dauer z'assuréieren.

De President Roland Kuhn mengt, datt eng Rei vu Moossnamen, fir d'ëffentlech Finanzen ze consolidéieren, eng gutt Aktioun ass. Mä, et misst ee sech de Contenu vum Projet méi genau ukucken.

De Lëtzebuerger ökonomesche Modell gëtt virun allem schaarf kritiséiert. De Wuesstem wier virun allem scho virun der Finanzkris um Wee fir erof gewiescht. Mat engem Chômage, dee Rekordhéichten erreecht huet, ëffentlech Depensen déi an den Defizit falen, an d'Kompetitivitéit déi weider erofgeet, wier den aktuelle Modell net méi viabel.

D'Fuerderung vun der Kompetitivitéit wier essentiell. Do géife besser Qualifikatiounen den Aarbechter erméiglechen, de Wuesstem vum Land weiderzedreiwen. Anerersäits, gëtt zum Beispill och eng 2-järeg Brems op d'Erhéijung vun de Salaire proposéiert.

Dobäi missten d'Depensen nach vill méi reduzéiert ginn. D'Salairen vun de Fonctionnairen, déi zum Beispill 80% vun den Ausgabe fir de Fonctionnement representéieren, misst ee reviséieren.

D'Regierung hätt och besser, d'Investissementer méi efficace ze geréieren. Bei verbesserte Konstruktiounsmethoden kéint ee méi spueren an doropshin méi Projeten lancéieren.

Dobäi soll och Schluss mam Luxus sinn. D'Optimiséierung vun de Bauprozeduren soll also alles eliminéieren, wat net néideg ass.

D'Chambre des Métiers fuerdert eng Erneierung vum Tripartite-Dialog fir en effektiven 'Reform-Agenda 2020' z'engagéieren a fir en neie Wuesstemsmodell fir d'Zukunft ze definéieren.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn