Dem Tagesspiegel no hunn d'US-Partner virun knappe Wochen den 22. November als Dag bezeechent, wou d'Terroruschléi an Däitschland geschéie sollen.
Et gëtt gefaart, datt d'Terroristen Chrëschtmäert oder ähnlech Ziler ugräife, wou sech vill Leit ophalen.
Als Leader vun de geplangten Uschléi gëtt de Mohammed Ilyas Kashmiri aus Pakistan genannt. Hien ass ee vun de Haaptfiguren vun der Al Qaeda Terroristenorganisatioun.
De Kashmiri
soll di aner Terroristen am Afghan-pakistanesche Grenzgebitt rekrutéiert hunn.
D'Identitéit vun de Männer ass onkloer. D'Terroristen géife wahrscheinlech iwwer Indien an de Vereenegten Arabeschen Emiraten areesen.