Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Foussgängerin zu Lalleng um Zebrasträifen ugestouss

Wéi d'Police matgedeelt huet, hat e Chauffer e Mëttwochowend géint 19.15 Auer, op der Héicht vum Lallenger Cactus zu Esch  eng Foussgängerin iwwersinn. De Mann huet säin Auto, e Volvo V70, net méi gebremst kritt a krut déi 67-jäereg Fra, déi grad um Zebrasträife wollt iwwert d'Strooss goen.

D'Fra ass vum Auto erfaasst ginn an huet dobäi e puer Knachebréch dervugedroen. Si huet misse schwéier blesséiert an d'Spidol bruecht ginn. Policeinformatioune no, besteet awer keng

Liewensgefor. Den 70-jäerege Chauffer huet e schwéiere Schock erlidden, an och hien huet misse vun engem Dokter behandelt ginn.

Am Asaz war de Centre d'Intervention vun Esch/Uelzecht. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn