Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Zara Online-Shop geschwënn och zu Lëtzebuerg

Besonnesch villbeschäftegt Fashionfrënn, déi eigentlech sou guer keng Zäit hunn, hire Kleederschaf mat den topaktuellen Trends ze fëllen, dierft dës Nouvelle freeën. D'Gezai vum immens beléiften, spuenesche Label “Zara” wäert et a nächster Zukunft och zu Lëtzebuerg online ze kafe ginn.

Uganks September hat Zara hiren Online-Verkaf a sechs europäesche Länner, drënner och Däitschland gestart. Dem Mammekonzern Inditex no, géifen dës Webshope méi wéi gutt bei de

Clienten ukommen, e Grond méi, dass nach weider Internet-Shops solle nokommen. Nach an dësem Joer soll e neien Online-Shop zu Lëtzebuerg, Éissträich, Belsch, Irland, an Holland eng nei Quelle fannen. Am kommende Joer soll dann och nach de Maart an den USA, Kanada, Japan a Südkorea erobert ginn.

Inditex huet zum éischten Hallefjoer vum Geschäftsjoer 2010/11 eng Hausse beim Ëmsaz a Gewënner gemellt, virun allem awer duerch e staarkt internationalt Geschäft. De Konzern huet Wëlles 173 nei Butteker opzemaachen an zielt bis den 31. Juli 2010 insgesamt 4.780 Butteker an 77 Länner.

Éischt Impressioune kann ee sech awer elo schonn anhuelen op www.zara.com Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn