Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Technesch Problemer bei Facebook

Mëttlerweil sinn iwwer 500 Milliounen User bei Facebook enregistréiert, ma vill Membere vum soziale Netzwierk haten en Donneschden keen Zougang méi op hir Säit. E Software-Feeler huet d'Säiten an den USA, Südamerika an Europa, dorënner och Lëtzebuerg op Äis geluegt.

Facebook selwer schwätzt vum schlëmmsten Ausfall zanter de leschte véier Joer. Déi komplett Säit huet dann och misse fir kuerz Zäit zougemaach ginn. Den Ausfall hätt tëscht zwou an zwou an eng hallef Stonn gedauert,

heescht et. E puer User konnte stonnelaang iwwerhaapt net op hire Facebook-Profil, bei aneren huet den Déngscht nëmme ganz lues fonktionnéiert. Schonn e Mëttwoch hat Facebook uerg technesch Problemer a war och do fir vill User net ze erreechen.

Facebook ass dat weltwäit gréisst sozialt Netzwierk. Den 26-jäerege Grënner, Mark Zuckerberg, ass an der Lëscht vun der US-Zeitung “Forbes” zu de räichsten Amerikaner op Plaz 35 gesat ginn. Dem Zuckerberg säi Verméige gëtt op 6,9 Milliarden Dollar geschat. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn