Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Zu Helsem hat de Blëtz zougeschloen

Wéi d'Police matgedeelt huet, huet en Donneschdenowend géint 20.30 Auer, de Blëtz an den Daach vun engem Wunnhaus an der Route de Diekirch zu  Helsem ageschloen. D'Bewunner vum Haus souzen zesummen an der Stuff, wéi si op eemol en haarde Knuppert héieren hunn. De Blëtz, beim uergen Onwierder vun en Donneschdenowend, hat zougeschloen, respektiv ageschloen.

Duerch den Aschlag huet den Daachstull Feier gefaang, dat sech immens séier ausgebreet huet. Beim Antreffe vun de Pompjeeën huet den Daach scho komplett gebrannt an et

war zu enger grousser Mënschenusammlung komm, déi sech de Spektakel zu spéider Stonn net entgoe gelooss hunn.

D'Police huet doropshi missen e Sécherheetsperimeter ariichten an d'Strooss spären, fir dass d'Pompjeeën ouni weider Problemer hirer Aarbecht konnte nogoen. An deem Kontext huet och eng Deviatioun missen ëmgesat ginn. Déi fräiwëlleg Feierwier vu Walfer hat iwwerdeems Verstäerkung ugefuerdert, sou dass kuerz Zäit méi spéit och déi fräiwëlleg Pompjeeë vu Steesel, sou wéi d'Protection Civile vu Lëntgen op d'Onglécksplaz ugeréckt dinn.

D'Feier sollt sech dann awer als méi groussflächeg rausstellen, sou dass och d'Nopeschgebai sécherheetshalber evakuéiert ginn ass. D'Feier huet gedréit och op dëst Gebai iwwerzegräifen. D'Pompjeeën hunn net laang gezéckt an en Deel vum Daach ofgedeckt an hir Läschaarbechte fortgesat. Iwwerdeems huet d'Feier sech ëmmer weider e Wee duerch Balke vum Daach gefriess. Fir en komplett Iwwergräifen ze verhënneren hunn d'Pompjeeën en Deel vun der Isolatioun am Nopeschdaach opgedroen.

Béid Haiser sinn den Ament net méi bewunnbar, ma Persoune sollte beim Ongléck net zu Schued kommen. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn