Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Auto opgeschlëtzt a Vollgas trotz blockéierte Bremsen

Wéi d'Police matgedeelt huet, war géint 21.30 Auer eng Kolonn Autofuerer op der A1 an Direktioun Gaasperech, ronn ee Kilometer hannert der Grenz bei Waasserbëlleg, ënnerwee. Wéinst dem relativ staarke Reen an der schlechter Siicht hu sämtlech Chaufferen hir Vitesse ugepasst, de Sécherheetsofstand agehal an aus weidere Sécherheetsgrënn och nach d'véier Winkeren ugemaach, fir sou och aner Automobilisten op déi schlecht Stroosseverhältnisser opmierksam ze maachen.

E Camionschauffer huet de staarke Reen an

d'Autoskolonn virun him awer net weider gestéiert an hien huet mat héijer Vitesse ugesat, fir d'Gefierer ze iwwerhuelen. Dobäi ass hie mat der Bäifuerersäit a senger Remorque ze no laanscht en Auto gefuer, krut d'Chaufferssäit ze paken an huet déi komplett Fuerersäit vum Auto quasi komplett opgeschlëtzt. Wéi d'Police schreift, ass den Auto regelrecht opgerass ginn an d'Fënsteren, sou wéi d'Dier ware net méi do. De Chauffer vum geschiedegte Gefier ass glécklecherweis onverletzt bliwwen.

De Camionschauffer huet vun all deem net vill gemierkt an ass einfach weidergefuer. Ma wéinst dem heftegen Accident an dem dobäi entstane Schued, hunn d'Bremse vu senger Remorque blockéiert an de komplette Camion ass ronn 500 Meter hannert der Opfahrt Mäertert a Richtung Lëtzebuerg zum Stoe komm. De Chauffer huet do awer nach ëmmer net matkritt, wat iwwerhaapt lass ass an huet weider Vollgas ginn.

Am Stand Vollgas ze ginn ass net di allerbeschten Iddi, d'Pneue vum Camion hu sech nämlech an de Buedem gefräst an hunn de Stroossebelag duerch d'Duerchdréine vun de Pneue massiv beschiedegt. D'Police huet de schëllege Camionschauffer kontrolléiert an hu misse feststellen, dass hien ënner Alkoholafloss stoung. D'Konsequenze fir de Chauffer si Führerschäinentzuch an de Camion ass ofgeschleeft ginn. Eppes ass bei der Geschicht sécher, säi Chef wäert sech freeën.

Am Asaz war de Centre d'Intervention vu Gréiwemaacher. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn