Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Lëtzebuerger Musekband erreecht europäesch Finale

Et schéngt, wéi wann déi lokal Band “Angel at my Table” net méi aus dem Museksliewen an aus dem alldeegleche Gespréich ronderëm Musekscharts ewechzedenke sinn. Si hunn op sämtleche grousse Musiksfestivaler zu Lëtzebuerg gespillt, sou zum Beispill op der Haaptbühn um erfollegräichen Openair-Festival Rock-a-Field an hunn donieft och eng Heede Wull u Concourse géint aner Gruppen op dätsche Musiksfestival gewonnen. Op internationalem Niveau hu si et souguer an d'US-Charts gepackt.

A schonn

erëm hu si et gepackt, e weideren internationale Duerchbroch!

Bei engem Museksconcours, bekannt ënnert dem Numm EURODEMO, hunn iwwer 2.00 Bands aus ganz Europa deel geholl. Organiséiert huet dat Ganzt déi spuenesch Associatioun “Fundación Santander 2016” a dat, op Musek ausgeriichte sozialt Netzwierk “MySpace”. Gekämpft gëtt hei ëm den Titel “Best European Group” (beschten europäesch Band). Vun dësen 2.00 Bands sinn elo déi leschte fënnef Länner an deemno Finaliste gewielt ginn: Spuenien, Frankräich, Holland a Lëtzebuerg, representéiert duerch Angel at my Table.

No den Aachtelsfinalen hat d'Jury deemno dës fënnef Museksgruppen zu Santander gewielt, déi den 2. Dezember um “CuVa Festival” a Spuenien spillen. Deen Dag, wou de richtege Kampf tëscht de Finaliste fir den Titel “Beschten Europäesch Band” ugeet.

D'Finaliste sinn:

Angel At My Table – Luxembourg
www.myspace.com/bandangelatmytable

Universo Acelerado - Spain
www.myspace.com/universoacelerado

The Randy Mandys – France
www.myspace.com/therandymandys

Annie Goliath – Great Britain
www.myspace.com/anniegoliath

Donata – Netherlands
www.myspace.com/donatamusic

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn