Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Zu Lëtzebuerg gëtt 100 Prozent friem geschwat

Um Niveau vum Europäschen Dag vun de Sproochen, dat al Joer den 26. September gefeiert gëtt, huet dat statistescht Amt vun der Europäescher Unioun, Eurostat, eng Étude zu de Sproochkenntnësser vun de  Schüler an der EU verëffentlecht. D'Zil ass et, d'Ëffentlechkeet fir d'Bedeitung vum Erléiere vun enger Friemsprooch ze sensibiliséieren, déi räich sproochlech a kulturell Vilfalt vun Europa ze förderen an dat liewenslaangt Léiere bannent a baussent der Schoul ze ënnerstëtzen.

Am Joer

2008 hunn an der EU 79 Prozent vun de Schüler an der Pirmärschoul an 83 Prozent am Secondaire eng Friemsprooch geléiert. A béide Stufe war Englesch déi éischt Friemsprooch. Eng zweet Sprooch ass vun 10 Prozent vun de Schüler am Primär a vun 39 Prozent vun de Secondaireschüler geléiert ginn, woubäi Franséisch an Däitsch am heefegste vertruede sinn.

All Schüler zu Lëtzebuerg a Schweden léiert eng Friemsprooch

Den héchsten Undeel vu Schüler an der Primärschoul, déi eng Friemsprooch léiere ginn et am Grand-Duché an a Schweden (jee 100 %), Italien (99 %) a Spuenien (98 %). De nidderegsten Taux gëtt et iwwerdeems an Irland (3 %), Holland (32 %) an Ungarn (33 %). Ma och wat d'Léiere vun enger zweeter Sprooch ubelaangt, huet Lëtzebuerg d'Nues vir, mat 83 Prozent. Duerno kënnt Griicheland mat 24 Prozent. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn