Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

No Schockfilm “127 hours” zesummegebrach (Video)

Beim Toronto Film Festival huet de Film “127 hours” (127 Stonnen) vum Regisseur Danny Boyle dofir gesuergt, dass e puer Leit de Sall verlooss hunn an souguer ëmgefall sinn. Immens vill Visiteuren hu sech extrem geschockt gewisen iwwert déi realistesch Duerstellung vun enger Aarmampuatioun. Dräi Persoune si bei dëser éischter Presentatioun vum Film zesummegebrach.

An der richteger Liewensgeschicht vum 27-jäeregen amerikaneschen Abenteurer Aron Ralston gëtt säin Aarm bei engem Kloteraccident am Joer 2003 ënnert engem

Fielsblock ageklemmt. Fir ze iwwerliewen ass den Ongléckleche gezwongen, säin Aarm selwer ze amputéieren. Hie benotzt dofir e Steen an eng Zaang, fir dann, verbonne mat immense Qualen, säin Aarm komplett vum Kierper ze trennen.

Dat soen d'Filmkritiker


“Et konnt ee ganz däitlech gesinn, dass vill Leit bei der Filmvirstellung ënner Schock stoungen a mat sech selwer gekämpft hunn, fir iwwerhaapt sëtzen ze bleiwen”, erkläert de Kinoskritiker John H. Fort nom Film.

“Et ass quälend, dat do unzekucken”, sou d'Urteel vum Hollywood-Filmkritiker Jay A. Fernandez. “Den Danny Boyle an den Haaptduersteller James Franco hunn d'Thema immens realistesch ëmgesat. Iwwerall am Publikum hunn d'Leit gestöhnt, wéinst deem wat si gesinn hunn. Eigentlech waren et och méi d'Geräischer, déi d'Qualen an d'Leide besonnesch ergräifend gemaach hunn”.

De Regisseur vum Slumdog Millionaire, Danny Boyle, feiert mat dësem Film säin Debüt beim Toronto Film Festival. De Film wäert viraussiichtlech 2011 zu Lëtzebuerg an de Kino kommen, wéini genee, ass awer net gewosst.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn