Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Dréngenden Zeienopruff wéinst Fahrerflucht

Wéi d'Police matgedeelt huet, ass et um fréie Freidemoien, géint 06.50 Auer, zu engem uergen Accident mat Fahrerflucht an der Arelerstrooss zu Biekerech komm. En Automobilist, dee mat ze héijer Vitesse aus Richtung Uewerpallen ënnerwee war, ass enger Grupp vu véier Jugendlechen entgéintgefuer, déi grad amgaang waren iwwert d'Strooss ze goen.

Och wann déi Jonk net einfach sou iwwert d'Strooss ze goen hunn, ass et der Police op dëser Plaz wichteg ze soen, dass et an der Arelerstrooss keen Zebrasträife

gëtt an deemno d'Schold net onbedéngt ka bei de Jugendleche gesicht ginn.

Déi Jugendlech hu nach probéiert, am leschte Moment, op d'Säit ze sprangen, ma zwee vun hinne si net méi aus de Féiss komm. Den Auto krut dobäi och en 18-jäeregt Meedchen ze paken, dat sech doropshin d'Handgelenk gebrach huet. De Chauffer huet direkt eng Vollbremsung gemaach, amplaz awer stoen ze bleiwen an Hëllef ze leeschten, ass hien hannerzech bei déi Jugendlech zeréckgefuer.

De Bäifuerer hätt de Grupp vu Jugendlechen, ouni dobäi dat blesséiert Meedchen nëmmen an uecht ze huelen, gebläert, si hätte näischt do o der Strooss ze siche gehat. Duerno ass den Automobilist ouni mat der Wimper ze zucken a Richtung Näerden fortgerannt.

An der ganzer Opreegung, d'Meedche war nämlech mëttlerweil an d'Schwächt gefall, hunn déi Jugendlech sech d'Placke vum Auto net gemierkt. Et ass just gewosst, dass et sech beim elo gesichte Gefier ëm e gréngen Auto handelt an de Bäifuerer ouni Accent Franséisch geschwat huet.

Déi Jugendlech hu bei der Police ausgesot, dass och aner Auto laanscht d'Onglécksplaz gefuer sinn, och zu deem Zäitpunkt, wéi de schëllege Chauffer nieft hinne gehal huet. An deem Kontext sicht d'Police elo ganz dréngend no Zeien, déi Hiwäiser zum Accident liwwere kënnen. Sämtlech Informatioune sinn der Police vu Réiden um 24492 -500 oder um 113 ze mellen. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn