Mardi 02 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Frieden: Awer kéng Ännerung um 'Bëllegen Akt'

Nom Drock vu Gewerkschaftsbënn huet d'Regierung déi geplangten Ännerungen um 'Bëllegen Akt' zeréckgezunn. De Finanzminister Luc Frieden huet an engem Interview mat RTL proposéiert, déi Moossnam vum Spuerpak zeréck ze zéien. De Bëllegen Akt bleift also bestoen a gëtt net un den Akommes ugepasst.

E Freideg soll de Luc Frieden beim Regierungsrot proposéieren, déi Moossnam aus dem Steierpak erauszehuelen. D'Regierung wollt sech virdru just op d'Haushälter mat engem niddregem Akommes

beschränken.

De 'Bëllegen Akt' bezitt sech op d'Vergënschtegung fir de Bau oder Kaf vun enger Immobilie an ass virun allem u jonk Famillen gericht. Den Akt sollt awer virdrun am Kader vum Spuerprogramm ofgeschaf ginn.

D'Gewerkschaften an Oppositiounspolitiker an Verbraucherschützer hu wochelaang virun dëser Mossnam gewarnt, well jonk Leit a Famillen dowéinst aus Lëtzebuerg auswandere géifen. Si géife sech dann an der Grenzregioun eng Immobilie sichen, well et do méi bëlleg ass.

D'Regierung huet décidéiert, déi vergënschtegt Sätz fir Notairegebühren, wat engem Kredit vun 20.000 Euro entsprécht, awer net un e Minimalakommes ze bannen. D'Zënsbonifikatioun bleift ebenfalls onverännert.

Dem Frieden no soll am nächste Joer also keng Ännerung stattfannen. Hien huet awer vir, eng generell Diskussioun iwwer Wunnengsbaupolitik weider ze féieren. Hie schléisst net aus, datt de 'Bëllegen Akt' och nach bis 2011 bestoe bleift.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn