Mardi 02 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Portugal: Gréisste Generalstreik säit Jorzéngten virgesinn

Den Angaben no sinn d'Zerwisser vun der Eisebunn duerchaus Portugal paralyséiert. D'Uniounen wëllen all Zerwisser stoppen, vum Gesondheets- bis zum Finanzsecteur. Et sinn iwwer 500 Flich annuléiert ginn.

D'Parlament soll um Freideg iwwer den Austeritéitsbudget stëmmen. D'Oppositiounspartei huet awer net vir, de Budget ze blockéieren. D'Experte mengen, datt de Projet wahrscheinlech ouni vill Widderstand approuvéiert wäert ginn.

Allerdéngs wëllen d'Organisateuren

d'Onzefriddenheet vun der Bevëlkerung am Bezuch zum Budgetsprojet weisen. Si hoffen, datt d'Regierung d'Spuermoossnamen op mannst mitigéiert.

Uniounsmember Joao Proenca huet zu AFP gesot, et wier inakzeptabel datt d'Aarbechter 'all d'Sacrifice maache mussen'. 'Mir kënnen net akzeptéieren, datt di éischt, zweet an drëtt Prioritéit vu Portugal den Defizit ass', sot hien.

D'Oppositioun, d'Sozial Demokraten, huet gesot datt si sech vum Vote enthalen am Plaz géint d'Spuermoossnamen ze stëmmen, well si déi fragil Finanzen vum Land net kompromittéiere wëllen.

Lissabon versicht déi international Investisseuren z'iwwerzeegen, datt Portugal net, wéi Irland oder Griichenland, eng EU-Finanzbäihëllef ufroe wäert. Den Austeritéitsbudget soll de portugiseschen Defizit vu 7,3% op 4,6% vum GDP am Joer 2011 reduzéieren.

De Wuesstem an d'Produktivitéit vu Portugal huet sech net säit der Aféierung vum Euro substantiell erhéicht. Vill Experten soen elo, datt den Taux d'Echange ëm déi Zäit onrealistesch war. D'Land huet et virun allem schwéier fonnt, trotz enger staarker Textilindustrie, mat China ze konkurréieren.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn