Mardi 02 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Statec: Lëtzebuerger Economie geet lues biergop

D'Lëtzebuerger Economie schéngt de Wee aus der Krise erausfonnt ze hunn. De Statec gesäit nämlech 3,2 Prozent Wuesstem fir dëst Joer, an 3 Prozent fir nächst Joer, fir.

Allerdéngs warnt de Statec-Direkter Serge Allegrezza virun enger iwwereileger Euphorie. Et dierft een net vergiessen, datt Lëtzebuerg eréischt aus der Rezessioun kënnt an de Niveau virun der Krise nach net erreecht huet. Alleng déi aktuell Krisesituatioun an Irland

géif weisen, wéi fragil d'Lag ass a wéi schnell e Land op dënnt Eis gerode kann.

Mat der Ausnahm vum Finanzsecteur war den Opschwong an dësem Joer an alle Beräicher, uschléissend d'Industrie an den Handel, festzestellen. Zemools am Bauberäich wär den Opschwong bemierkbar gewiescht.

D'Inflatioun ass dem Konjunkturbericht no opgrond vun der moderaten Entwécklung vun de Gehälter an de Präisser nëmme geréng gewuess. Allerdéngs huet Lëtzebuerg wéinst de Lounkäschten u Kompetitivitéit verluer.

Et ass och festgestallt ginn, datt d'Beschäftegung am Grand Duché däitlech zougeluecht huet (+1,8 Prozent fir 2010 an +1,5 Prozent fir 2011), awer ouni datt d'Aarbechtslosegkeet doduerch ausgeglach ginn ass. D'Aarbechtslosenzuel läit momentan bei 6,2 Prozent.

Wat déi ëffentlech Finanzen ugeet misst de Statec eng Korrektur vun -1,7 op -0,7 Prozent virhuelen. D'Scholdelaascht soll sech deemno vun 1,6 Milliarden Euro op 900 Milliounen Euro erofgoen.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn