Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Ursaachen zum déidleche Busongléck nach onkloer (Video)

E schwéiert Busongléck op naasser Autobunn hat vergaangene Sonnden an der Géigend vu Berlin insgesamt 13 Mënschen d'Liewe kascht. Um Schönefelder Kräiz südlech vu Berlin ass e polnesche Reesbus géint e Bréckenpoteau geknuppt, nodeems eng Autosfuererin op der Opfahrt fir op d'A10 d'Kontroll iwwert hiert Gefier verluer hat an, an de Bus gerannt war.

Fir wat déi 37-jäereg Fra d'Kontroll verluer hat, ass der Police no nach onkloer. Ob Middegkeet, de Reen oder Onopmierksamkeet eng Roll gespillt hunn, muss nach

festgestallt ginn. D'Fra selwer ass och uerg blesséiert ginn. Si hat nach zwee weider Mënsche bei sech am Auto.

Beim Accident si sechs weider Buspassagéiere sou schwéier blesséiert ginn, dass si och elo nach ëmmer a Liewensgefor schwiewen, wéi d'Rettungséquipë matgedeelt hunn. 18 weider Passagéier sinn uerg verwonnt ginn, 20 vun hinne liicht blesséiert. Si ginn an den ëmleiende Spideeler behandelt. De Buschauffer vum Onglécksbus huet den Accident iwwerlieft. Méi wéi 300 Rettungsleit waren am Asaz, an och Psychologe waren op der Plaz fir ze hëllefen.

Den Donnéeë vum polnesche Fernsehsender TVN24 sinn déi insgesamt 49 Passagéier vum Onglécksbus aus Zlocieniec am Nordweste vu Polen. Si haten un enger Spuenienrees vun der lokaler Forstverwaltung deel geholl. D'Meldungen, dass et sech bei de Passagéier ëm Jugendlecher gehandelt huet, huet e Policespriecher net confirméiert. Hien huet gesot, d'Altersstruktur wier gemëscht gewiescht.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn