Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Endlech ophale mat fëmmen, mat Red Energy

De Laser stimuléiert déi wichtegst Meridanpunkten, déi, déi natierlech Endorphinproduktioun am Kierper ureegt an ee sech direkt besser fillt.

Anescht wéi d'Endorphin-Stimulatioun am Gehir, déi duerch de Nikotin ausgeléist gëtt a manner wéi 20 Minutten undauert, léist d'Laser-Stimulatioun eng Endorphin-Produktioun aus. Dës Wierkung, déi dem Kierper donieft och immens gutt deet, hält iwwer Deeg un.

D'Resultat: dat Schlëmmst bleift engem erspuert, et gëtt keng Péng,

kee Verlaange no Nikotin a keen Onwuelfillen. Déi meeschte Mënsche fille sech schonn no enger Laserbehandlung immens. Well de Kierper net vu stressege Stëmmungsschwankungen an Entzucherscheinunge konfrontéiert ass, gëtt dat kierperlecht Verlaangen no der nächster Zigarette staark verréngert an et fält engem méi liicht, dem bekannte Verlaangen nom Glimmstengel ze widderstoen.

Fir déi meescht Mënschen ass et aus e puer Grënn schwéier fir opzehale mat fëmmen. D'Sucht nom Nikotin gëtt duerch d'Produzéiere vun Endorphinen am Gehir beim fëmme vun enger Zigrette ausgeléist. De Softlaser reagéiert genee wéi d'Gehir, mam Ënnerscheed, dass d'Endorphine méi laang fräigesat ginn an dem Fëmmert sou eng besser Chance ginn, déi éischt Deeg ouni Nikotin ze iwwerstoen.

Endorphiner sinn déi kierpereegen, natierlech “Wuelfill-Chemikalien”, wat ee vun den entscheendende Grënn dofir ass, dass Mënschen nikotin-ofhängeg gëtt. De Succèstaux vun dëser Behandlung läit zwar bei ronn 90 Prozent, an awer brauch een d'Wëllenskraaft an de staarke Wonsch, mat der Sucht fëmmen opzehalen.

Sou plangt dir Är Zukunft ouni Zigrette:

a) Leet en Dag fest, un deem Dir wëllt ophalen a maachen e Rendezvous bei Cette adresse email est protégée contre les robots des spammeurs, vous devez activer Javascript pour la voir. oder um Nummer 00352 27 47 87 19

b) Gënnt Iech roueg eng lescht Zigrette um Wee bei Red Energy, awer maacht Iech bewosst, dass et déi lescht ass.

c) Verwinnt Iech mat genuch gesonde Snacks wéi Uebst, Geméiss oder Müsliriegelen.

d) Hutt am beschten ëmmer eng Fläsch Waasser dobäi an ersetzt d'Gewunnecht vun enger Zigrette ufänken, duerch eng uerdentlech Schlupp Waasser.

e)  Sport ass ëmmer eng grouss Hëllef  beim Entwinnen. Et muss ee net gläich zum Athlet ginn, deeglech Trëppeltoure ginn duer.

f) Beschtefalls sollte Plazen, wou vill gefëmmt gëtt oder Situatiounen, déi zum fëmmen animéieren, an den éischte Woche vermidde ginn.

g) Denkt net drun, ass en eenzegen Zoch un der Zigrette vun engem Kolleg oder eng eenzeg Zigrette an der Rei ass. Domat fält ee nëmmen an en alt Schema zeréck. Fëmmen ass eng Sucht, eemol net widderstan a schonn trëppelt een erëm an d'Nikotin-Fal.

De gréisste Räichtum ass d'Gesondheet...

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn