Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Index: Eenegung bei der CSV an der LSAP?

An de vergaangenen Deeg sinn d'CSV an d'LSAP a Saachen Index enger Eenegung ëmmer méi no komm. Béid Regierungsparteien hu sech deemno iwwert eng méiglech Indexmoduléierung beroden an ausgetosch. D'Koalitiounspartner si bereet, sech op eng Begrenzung vun enger eenzeger Indextranche pro Joer ze eenegen, wéi Tageblatt.lu bericht huet.

Sollt et also am Fall vun enger Referenzperiod vun 12 Méint zu e puer Indextranche kommen, ginn d'Tranchen, déi iwwert déi éischt Tranche eraus géife goen, zäitlech

verréckelt. De kommende Mëttwoch treffe sech d'Regierung an d'Parteien zu neie Verhandlungen, an deem Kontext waren dës Gespréicher och eng gutt Preparatioun zu de bevirstoenden Diskussiounen. D'Gewerkschafte wëllen d'Regierung hirersäits op déi verbessert Wirtschaftslag hiweisen a si nach virum 5. Oktober vun hirem Spuerprogramm ofbréngen. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn