Mardi 02 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

2.542 Gewalttätegkeeten am leschte Joer

De neie Projet vun der Police 'Selbstbehaaptung fir Fraen a Männer' gëtt et scho säit e puer Joer an Däitschland a gëtt mat groussem Erfolleg duerchgeféiert. Fir Lëtzebuerg ass d'Iddi, sech virun der Gewalt duerch Selbstbehaaptungscoursen ze schützen, relativ nei. Vill Persounen mengen, et géif just ëmmer engem Anere geschéien.

Bal all Dag géif ee mat Gewalt konfrontéiert ginn. Et liest een an den Dageszeitungen vu

Gewalttaten, Kricher, Terrorismus, Katastrophen an Ongléck, oder et muss ee sech mat Aggressiounen am normale Liewen auserneesetzen.

An deene leschte 5 Joer ass d'Zuel vun den Infraktiounen zu Lëtzebuerg vu 25.300 op eng alarméierend 32.300 geklommen. Am leschte Joer war d'Police mat 2.542 Gewalttätegkeete géint Persounen konfrontéiert. Statistiken an Ëmfroen weisen, datt e groussen Deel vun der Bevëlkerung d'Kriminalitéit als serieux perséinlech Bedroung empfënnt. D'Gefill vun Onsécherheet bewierkt ee Verloscht un der Liewensqualitéit an och um Selbstwäert.

Di potentiell Afferen solle léieren, virzäiteg Geforesituatiounen z'erkennen, wéi ee se prävenéiert, a wéi ee sech verhalen soll, am Fall wou een der Gefor net aus dem Wee goe kann.

Eng präventiv Kriminalitéitsbekämpfung ass net nëmmen zu der Leeschtung vun der Police ze limitéieren. Et ass eng Erausfuerderung fir déi gesamt Gesellschaft.

Aus dësem Grond goufen am Kader vum Programm verschidde Partneren ugeschwat, fir e Gesamtkonzept zur Bekämpfung vun der subjektiver Onsécherheet an deene verschiddenen Deeler vun der Gesellschaft opzestellen.

p { margin-bottom: 0.21cm; }

De Cours 'Selbstbehaaptung fir Fraen a Männer' ass ee Kooperatiounsmodell a verbënnt staatlech, ëffentlech a privat Ressourcen mateneen. De Präventiounsprogramm vun der Police soll d'Awunner vu Lëtzebuerg an der 'Selbstbehaaptung' ausbilden.

D'Selbstbehaaptung fänkt am Kapp un. D'Participanten ginn trainéiert, Geforen am Viraus z'erkennen an entspriechend ze reagéieren.

D'Ausbildung beteet aus 12 Unitéiten vun jeweils 2 Stonnen mat Ausnahm vum 'Coolnesstraining', deen iwwer 4 Stonne leeft. De Cours gëtt all Woch (Ufank um 18.00 oder 18.30 Auer) gehalen, mat Ausnahm vun de Schoulvakanzen.

De Cours riicht sech un all Persounen iwwer 16 Joer, déi hiert neit Wëssen wëlle weiderginn oder hiert 'Selbstbehaaptungsgefill' stäerke wëllen. D'Coursen si gratis.

Et kann ee sech per Email, Brief, Fax oder Telefon bei de folgende Coordonnéeën fir de Selbstbehaaptungscours umellen:

Polizeiliche Präventionsstelle der Regionaldirektion LUXEMBURG
Postfach 1612
L-1016 Luxembourg
Telefon: 4997-4604 / 4607
Telefax: 4997-4699
E-mail: E-mail: Cette adresse email est protégée contre les robots des spammeurs, vous devez activer Javascript pour la voir.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn