Mardi 02 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Anti-Juegte Protest um Samschdeg

Déi friddlech Demonstratioun, déi vun der Déiereschutzorganisatioun ALPA a vun der asbl Juegdgéigner organiséiert gëtt, kënnt als Reaktioun zum Hirsch dee virun e puer Wochen zu Ettelbréck erschoss gouf. E Video vun der Juegd, deen um Youtube eropgeluede gouf, gëtt et hei ze kucken.

Eng Begrënnung fir d'Juegten ass datt doduerch d'Bevëlkerung vun den Hirschen

ënner Kontroll gehale gëtt. Allerdéngs gëtt vun Déiereschutzorganisatioune gesot, datt d'Regierung d'Déierewelt op enger natierlecher Art a Weis reguléiere soll.

De Ren Spautz, President vun der asbl Juegdgéigner, huet zum Tageblatt gesot: 'Et gëtt Zäit, d'Juegd als Fräizäitbeschäftegung ofzeschafen a mat enger alternativer Method ze remplacéieren. Eng Alternativ wier, datt d'Baueren Brachland zur Verfügung stellen, wou d'Hirschen iwwernuechte kënnen.'

Etude weisen, datt Juegte wëll Déieren méi sexuell aktiv maache kënnen, well se aus Panik reproduzéieren, fir de Verloscht ze kompenséieren. Den Herr Spautz betount, datt Juegten doduerch praktesch zwecklos ginn.

Den Ëmweltminister Marco Schank huet an engem rezenten Interview gesot, hie géif am Interêt vun de Wieler handelen, mä hie kéint sech keng alternativ Method virstellen.

D'Aktiviste wëlle 25,000 Ënnerschrëften fir hir Petitioun sammelen, dee si der Regierung schlussendlech presentéieren. De Protest fënnt um Samschdegnomëtten um 1.30 Auer an der Foussgängerzon zu Ettelbréck statt. D'Participanten treffe sech virun der Dexia, nobäi der Privatschoul Saint-Anne.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn