Mardi 02 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Studente-Protest an England

A Groussbritannien hunn um Mëttwoch dausende vu Studenten hir Coursen verlooss, fir an engem Protest géint d'Reduktioun vun den ëffentlechen Depensen am Bezuch zum Edukatiounssecteur, matzemaachen.

D'Protester si gréisstendeels friddlech ofgelaf, mä zu London ass et zu Gewaltausbrëch komm, an deenen op mannst 8 Persounen, dorënner 2 Polizisten, blesséiert goufen.

Dräi Demonstrante goufe festgeholl well si verdächtegt waren, Gewalttätegkeeten an Déifstall

ausgeféiert ze hunn. Verschidden Demonstranten hunn een eidele Police-Camion ëmzéngelt an d'Fënsteren duerchgeschloen, Graffiti drop gemoolt, an hu versicht de Camion ëmzekippen.

En anere Grupp huet méimools versicht, duerch eng Rei vu Polizisten virun dem Regierungsgebai Whitehall, ze briechen. Si hu Placarden, Rauchbommen an aner Objeten op d'Agenten geheit.

(Foto: AFP)

D'Demonstranten si géint de Regierungsprojet, deen den Defizit reduzéiere soll, andeems manner Suen un d'Schoule ginn. Dëst géif dozou féieren, datt d'Universitéite fir englesch Studente bis zu £10.000 (€11.850) pro Joer froen, am Plaz vun der aktueller Zomm vun ongeféier £3.000 (€3.500). Virun 10 Joer hunn déi englesch Universitéitsstudente keng Gebühre bezuelt.

D'Roserei vu ville Student bezitt sech op d'Liberal Demokraten, déi während hirer Campagne am leschte Fréijoer versprach hunn, datt si d'Universitéitsgebühre ganz ofschafe géifen. Allerdéngs ënnerstëtze si di nei Propositioune vun der Koalitiounsregierung zesumme mat der Konservativer Partei. Grond fir déi Decisioun wier, datt englesch Universitéite méi Sue froe sollen, fir um internationalen Niveau kompetitiv ze bleiwen.

De Protest ass deen Zweete vun dësem Mount. Do waren 52.000 Demonstranten duerch d'Stroosse gaange an et war och zu Gewaltausbrëch komm. D'Police gouf beim leschte Protest kritiséiert, datt si schlecht op d'Situatioun virbereet waren, an hunn dëst Kéier vill méi Agenten agestallt.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn