Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

IWF: Lëtzebuerg zu Bankentest verpflicht

Den Exekutivrot vum Internationale Währungsfonds (IWF) huet no enger Erklärung décidéiert, dass déi bis ewell fräiwëlleg Stabilitéitstester an Zukunft Flicht fir 25 Länner, mat grousse Finanzsecteuren, solle ginn. Sou solle mat Zäiten eventuell Schwächten oder Schieflagen opgedeckt ginn, dat da Suitë fir de weltwäite Finanzsystem kéint hunn. 

Experte vum IWF wäerten deemno ënnersichen, ob am Bankesystem ze héich Riske stiechen, ob déi jeeweileg Regierunge sech genuch

ëm d'Stabilitéit vun hirem Finanzsecteur këmmeren an ob si déi néideg Instrumenter hunn, fir noutfalls eng Kris anzedämmen. An den Entwécklungslänner sollen och Fachleit vun der Weltbank fir d'Duerchféiere vun den Tester zougezu ginn.

Dës nei Virschrëft gelt fir grouss Industrielänner wéi d'USA, Japan, Däitschland an déi meescht aner grouss EU-Memberen, ma och fir d'Schwellelänner wéi China an Indien. Donieft sinn awer och kleng Staate mat engem wichtege Finanzsecteur, zu deene ganz sécher och Lëtzebuerg, wéi och d'Schwäiz gehéiert, betraff.

Hannert dem Programm zur Bewäertung vum Finanzsecteur steet e grousse Wandel an der Roll vun de Fonds. Hie soll net nëmme méi zur Nout bei Finanzkrisen asprangen, ma éischter dozou bäidroen, dass eng Kris guer net méi entstoe kann. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn