Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Rumänesch Pickpocket verhaft

Den 22. September 2010 ass de Beamte vum SREC Luxembourg-Groupe Recherche, géint 13.00 Auer um Boulevard Rooselvelt an der Stad, e verdächtegt Gefier während hirer Patrull opgefall. Déi hënnescht Erkennungstafeln ware schief um Auto befestegt an et huet donieft och eng Schrauf gefeelt. Am Won selwer waren zu deem Zäitpunkt véier Passagéier (3 Männer an eng Fra). No der Iwwerpréiwung vum Auto, huet sech dann och erausgestallt, dass dës op en aneren Auto ugemellt waren.

De Chauffer huet säi Gefier an der Rue

de Strasbourg misse parken a sämtlech Persounen am Auto sinn doropshi kontrolléier ginn. Et huet sech bei den Ënnersichten ëm véier rumänesch Staatsbierger gehandelt. De Passat, mat deenen déi Véier ënnerwee waren, war dann och weder uerdnungsgemäss ugemellt, nach assuréiert, donieft hat de Chauffer och kee gültege Führerschäi bei sech.

D'Police war sech do zwar schon sécher, dass hinnen e grousse Fësch an d'Netz gaang ass, ma dobäi sollt et net bleiwen.

Dës weideren huet sech nach erausgestallt, dass et sech bei de Persounen ëm gesichte Pickpocket handelt. Eng hallef Stonn virun der Kontroll war nämlech enger Fra eng Posch geklaut ginn, déi awer eng detailléiert Täterbeschreiwung ofginn hat. Zwee Passagéier vum Auto konnten dann och eendeiteg identifizéiert ginn, déi och nach am Besëtz vun hiren zesummegeklaute Saache waren.

A Hibléck op dës Beweismaterial hunn déi Véier e Geständnes ofgeluegt an der Police hir geklaute Wuer iwwerreecht. Am Auto vun de Schëllege konnt och nach weider Geklautes séchergestallt ginn. Sämtlech Passagéier vum VW Passat sinn, op Unuerdnung vum Parquet générale zu Lëtzebuerg, verhaft ginn a ginn deemnächst de, Ënnersichungsriichter virgefouert. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn