Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Panzvollistin wollt Polizist iwwerrennen

Wéi d'Police matgedeelt huet, war der Policepatrull an der Nuecht op e Dënschden, géint 00.20 Auer, en Auto geféierlech no komm. De bloen Auto vun der Mark Hyundai ass de Beamten an der Route de Luxembourg zu Rodange a Schlaangelinnen entgéint komm. Si hunn dem Gefier dann och eendeiteg Zeeche ginn, stoen ze bleiwen. D'Automobilistin huet sech dovu wéineg beandrockt gewisen, huet op de Gas gedréckt an hiren Auto a Richtung Police gesteiert. De Polizist huet gutt reagéiert a konnt dem Auto ausweechen.

D'Autosfuererin ass

iwwerdeems a Richtung Rodange, duerch eng Säitestrooss geflücht. D'Beamten hu net laang gezéckt, an hu probéiert der Fra hannendrun ze kommen, fir si awer nëmme kuerz Zäit méi spéit aus den Aen ze verléieren.

Zeene wéi aus Amerika


De gesichten Auto konnt doropshin duerch eng weider Policepatrull op der Héicht vun der Gare erëmfonnt ginn. Beim LTAM zu Rodange konnt d'Patrull d'Panzvollistin anhuelen, ma si ass trotz bloe Luuchten a Siren net stoe bliwwen an ass weider a Richtung Rondpoint PED/Lamadelaine gefuer.

Endlech ass et de Beamten awer gelongen, den Auto am Rondpoint ze stoppen, andeems si sech virun de Hyundai gestallt hunn. D'Automobilistin wollt net opginn an huet kuerzerhand de Réckgang ageluegt. Der Police ass et awer nach gelongen d'Dier vum Auto opzerappen an d'Fra aus dem Auto ze zéien.

Et huet sech erausgestallt, dass d'Fra därmoossen voll war, dass si nach net emol am Stand war selbstänneg stoen ze bleiwen.  Un hirem Gefier sinn dann och nach eng Heede Wull Beschiedegunge festgestallt ginn, sou dass d'Police dovun ausgeet, dass si op an der Géigend vu Rodange e puer aner Gefierer ze pake krut a Fahrerflucht begaang huet. En duerchgefouerten Alkoholtest, no direkt e puer Versich, war wéi erwaart positiv an huet en extrem héije Wäert ugewisen.

Net genuch, et ass och nach festgestallt ginn, dass d'Gefier net uerdnungsgemäss ugemellt war an dowéinst och direkt, op Unuerdnung vum Parquet générale, beschlagnahmt ginn ass. Der Fra ass de Führerschäin ofgeholl ginn an hier dréit elo och nach eng Strof wéinst Beamtebeleidegung op ënneschtem Niveau. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn