Mardi 02 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Juncker: Abschid vu 'senger' Zeitung Rheinischer Merkur

Déi chrëschtlech-konservativ Zeitung gouf nom Zweete Weltkrich gegrënnt. Säit dem 1. Juli 2006 ass de Premier Jean-Claude Juncker Editeur.

Am leschten Interview huet de Premier säi Bedaueren dozou ausgedréckt. Am leschten Interview schwätzt hien iwwer 'd'Gefärdunge vum Kontinent, d'Feigheet vu Politiker a firwat et eng Schand ass, de Rheinischer Merkur anzestellen'

Op d'Fro vum Interviewpartner

Michael Rutz, wat de Rheinischer Merkur dem President vun der Euro-Grupp bedeit, huet hien geäntwert:

'Ganz vill. An net nëmme säitdeem ech Editeur vun der Zeitung sinn – wat ech iwwregens mat vill Begeeschterung gemaach hunn. De Rheinischer Merkur hat zwee fest Grondlinnen: En huet dat Europäescht héichgehalen...Et ass net nëmmen e Skandal, mä eng Schand, datt et de Rheinesche Merkur net méi gi soll. Dëse Schrëtt wäert eng Kéier bedauert ginn. Nëmmen datt déijéineg, déi de Schrëtt ageféiert hunn, net méi do sinn, fir dëst Bedaueren ze deelen.'

De Premier weist sech besuergt iwwer d'Zukunft vun der EU, virun allem well déi grouss Länner oft ënner sech entscheede wëllen, wat fir d'Member am beschten ass. Et gëtt gefaart, datt sech d'Awunner iergendwann net méi mat hirer Gemeinschaft identifiéiere kënnen an fuerdert d'EU dozou op, sech 'gemeinsam fir di richteg Äntwerten fir d'Europäer vun haut a muer ze beméien'.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn