Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Keng Guantanmo-Prisonnéier zu Lëtzebuerg

Wéi de lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn en Dënschden annoncéiert huet, wäert Lëtzebuerg elo awer keng Prisonnéier aus dem Strofgefaangenelager Guantanamo op. Eigentlech war geplangt, en 31-jäerege Mann, deen zanter 2002 zu Guantanamo setzt, Uganks August opzehuelen.Den Asselborn hat och am Virfeld oft dem betraffe Prisonnéier seng Onschold affirméiert.

Déi amerikanesch Regierung hat, dem Jean Aselborn no, décidéiert,keng Prisonnéier aus dem Jemen fräizeloossen, déi an

hir Heemecht zeréck wëllen. Dowéinst wier d'Ausrees vum Prisonnéier och ëmmer erëm verréckelt ginn. Den 31-jäeregen Hakim aus dem Jemen hätt deemno wuel eng Réckrees a säin Heemechtsland geplangt.

De lëtzebuerger Ausseminister huet en Dënschden och nach erkläert, dass definitiv kee Guantanamo-Prisonnéier an de Grand-Duché verluegt ginn. Gläichzäiteg huet hie betount, dass Guantanamo net nëmmen e Problem fir Amerika wier, ma fir d'ganz Welt. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn