Mardi 02 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Nordkorea warnt géint US-Südkorea Arméi-Exercicer

Den Angaben no ass a Südkorea d'Tensioun däitlech ze spieren nodeems haut Artillerie-Explosioune vun engem Arméi-Drill um nordkoreaneschen Territoire ze héiere waren.

Déi nordkoreanesch Korean Central News Agency, déi iwwregens vun der Regierung kontrolléiert gëtt, huet am typeschen nordkoreanesche Stil gesot, datt d'Arméi vu Nordkorea 'sech preparéiert, eng Dusch vu fierchterlechem Feier ze ginn an d'Bollwierk vun de Feinden explodéiere loossen'. D'Situatioun an der koreanescher Hallefinsel géif

ëmmer méi no un de Krich kommen wéinst deene geplangten Arméi-Exercicer, déi de Norden als Offensive interpretéiert huet.

D'Arrivée vum amerikanesche George Washington Krichsschëff am südkoreaneschen Territoire gëllt als Warnung un Nordkorea a soll d'US-Ënnerstëtzung fir de Partner Südkorea beweisen, no der Attack vum Dënschdeg deen di éischt Doudesfäll vun Ziviliste säit dem 1950-53 Korea Krich verursaacht huet.

No den Attacke vum leschten Dënschdeg, déi d'Schwäche vun der südkoreanescher Arméi exposéiert hunn, gouf de südkoreanesche President Lee Myung-bak schaarf kritiséiert. D'Bevëlkerung ass der Meenung, d'Arméi hätt misse vill méi staark reagéieren a besser virbereet sinn. Um Freideg gouf een neien Defenseminister agestallt.

Et gëtt gefaart, datt de Norden mat Gewalt op d'Arméi-Exercicer vum Sonndeg kéint reagéieren. De südkoreanesche President huet eng Verstäerkung vun 4.000 Truppen op d'Insel Yeonpyeong an Ëmfeld kommandéiert.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn