Mardi 02 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

London: Formel 1 Boss Ecclestone iwwerfall an zesummegeschloen

Den Déif hat dem 80-järege Milliardär a seng 31-järeg Frëndin Fabiana Flosi virum Haaptsëtz vun Formula One Holdings opgelauert. Dëst gouf um Freideg vun der Police zu London matgedeelt.

D'Täter hunn op d'Puer ageschloen an den Ecclestone ass op de Buedem gefall. Der englescher Zeitung 'Daily Mail' ass den Déif mat Bijouen am Wäert vun 200.000 £ (ongef. 236.000 €) entkomm. Dorënner waren eng Auer an en Diamant-Rank.

De Polizeiangaben no war den Ecclestone nom Iwwerfall um Mëttwochowend an d'Spidol bruecht ginn. Do gouf eng kleng Kapp-Blessure behandelt. Doropshin konnt hien entlooss ginn.

Am Ufank vum Mount hat hie London mat der brasilianescher Metropol Sao Paolo verglach, déi fir eng immens héich Kriminalitéit bekannt ass. Den Ecclestone huet awer och gesot, datt sech d'Déiwen just 'schwaach, lues an einfach Leit' als Affer aussiche géifen. 'Mënschen, déi e bëssen Charisma ausstrahlen, ginn ni ugegraff'.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn