Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Semaine du Logement: Nei a nohalteg bauen

D'Semaine du Logement fänkt ab dësem Freiden un an déi insgesamt 63 Aussteller versprieche sech um Niveau vun der Foire e groussen Interessi vun de Visiteuren, Keefer a Bauhären. an dësem Joer steet d'Immobiliefoire ënnert dem Motto: “Nohalteg bauen”.

Sämtlech Viviteuren kënne sech an den Halen vun der LuxExpo un 55 Stänn ronderëm d'Thema Immobiliekaf, Hausbau, Immobilienfinanzéierung, sou wéi den Ausbau vun hirem Wunnraum informéieren. De Marco Schank, lëtzebuerger Bauteminister, huet en

Dënschden erkläert, dass et beim Motto drëm geet, mat ökologesche Baumaterialien ze schaffen, schounend mat Waasser a Buedem ëmzegoen an op e gesond Raumklima opzepassen.

Laangfristegt Zil vum Minister ass d'Aféiere vun engem Zertifikat fir “gréngt bauen”, mat deem de Kafinteresséierten souwuel iwwert den Energieverbrauch, wéi och iwwert d'Bauweis a Materialien informéiert an opgekläert gëtt.

Dem Marco Schank no, ass d'Ëmfeld fir Keefer oder Verkeefer den Ament immens gutt an zanter der zweeter Halschent vum Joer 2009 ass souguer e frësche Wand um Immobiliemaart ze spieren. “D'Nofro ass weiderhin héich”, sou de Minister. De Wuesstem an der Bevëlkerung ass natierlech ee vun de Grënn fir déi grouss Nofro am mam regelméissege Bäiplënneren vun EU-Bierger, ass d'Zuel vun Awunner zu Lëtzebuerg am Joer 2009 ëm zwee Prozent geklommen. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn