Dimanche 07 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Terroruschléi op europäesch Metropolen verhënnert

Bei de vu Pakistan aus geplangten Uschléi, hätten zäitgläich London, souwéi grouss Stied an Däitschland a Frankräich sollen ugegraff ginn. Dëst huet de briteschen Fernsehsender Sky News an der Nuecht bericht. D'Uschléi stoungen hiren Donnéeë no, awer net onmëttelbar bevir.

Sky News berifft sech bei sengem Bericht op britesch Geheimdéngschtkreeser, deenen hir Hannermänner Kontakt zumTerrornetzwierk El Kaida haten. D'Uschléi hätte Komando-Aktiounen, ähnlech wéi zu Mumbai am

November 2008, solle sinn. Bei den Ugrëff op zwee Luxuhotellen an aner Plazen an der indescher Metropol, haten aus Pakistan agereesten Islamisten deemools 166 Mënschen ëmbruecht a méi wéi 300 blesséiert.

Och den US-Sender ABC News huet vun de Pläng fir Terroruschléi bericht. D'USA wier waméiglech och en Zil gewiescht an de President Barack Obama wier schonn iwwert d'Gefor informéiert ginn, heescht et am Sender, mat der Bestättegung vun US-Beamten. Déi wichtegst Informatiounen iwwert d'Terrorgefor sinn, dem US-Sender no, vun engem mutmaßlechen däitschen Terrorist komm, deen um Wee an Europa gefaasst gi wier an elo am Afghanistan géif festgehale ginn.

Déi vum Pakistan aus ugedriwwe Pläng wieren an engem fortgeschratte Stadium gewiescht, heescht et bei Sky News. Allerdéngs hätten d'Uschléi net onmëttelbar bevirgestan. D'Gréisst vum Komplott wier entdeckt ginn, nodeems d'Geheimdéngschter an Däitschland, Frankräich, Groussbritannien a den USA hir Informatiounen ausgetosch hätten. Den US-Militär hätt duerno gehollef, d'Drotzéier am Pakistan opzespieren. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn