Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Eng ongewéinlech an onzertrennlech Frëndschaft (Video)

Virun 20 Joer huet de Fëscher aus Costa Rica seng grouss Léift, ugeschoss um Ufer vum Floss Parismina entdeckt. Dat ronn fënnef Meter laangt Krokodil, dat op de Numm Pocho gedeeft ginn ass, war ugeschoss ginn a sou gutt wéi dout.

Den 5-jäerege Chito an e puer Kollege vun him, hunn dat massivt Déier an d'Boot geschleeft a bei de Fëscher Heem transportéiert. Méintelaang huet hie sech ganz zäertlech ëm dat schwéier blesséiert Krokodil gekëmmert a souguer d'Nuechten nieft him verbruecht.
<br

/> De Pocho huet sech endlech vu sengem Wonnen erholl an de Fëscher Chito wollt hien doropshin an d'Fräiheet entloossen. De Pocho wollt bei där Aktioun awer net matspillen, ass erëm aus dem Waasser gekroch an ass dem Chito bis bei d'Hausdier nogaang.

Den Chito konnt net anescht an huet den 444 Kilogramm schwéieren Pocho bei sech opgeholl an an him e neie Frënd fonnt. Joerelaang huet hie mat sengem Krokodil-Partner Tricke geübt, bis hien dës endlech och anere Kollege gewisen huet. Begeeschtert vun der aussergewéinlecher Show, hu si de Fëscher iwwerzeegt säi beschte Kolleg der Ëffentlechkeet ze presentéieren an déi häerzeg Geschicht vun déiwer Frëndschaft tëscht Mënsch a Krokodil public ze maachen.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn