Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Index: Jo, et gi Verännerungen

Aus guddem Grond, kann een och dës Kéier erëm dovun ausgoen, dass et zu hëtzegen Debatten a Saachen Index kënnt. De lëtzebuerger Finanzminister Luc Frieden huet en Dënschde confirméiert, dass d'Indexatioun sech wäert änneren.

“Eng Ännerung kënnt”, huet de Luc Frieden am Global Investment Funds Forum, organiséiert vun der Alfi (Association of the luxembourg found industry) betount wéi et ëm d'Thema Lounindexatioun gaang ass. Ma Detailer wollt de lëtzebuerger Finanzminister viru

sengem Public aus Investisseuren , Finanz- a  Businessmänner net nennen, erënnert awer nach emol drun, dass et immens wichteg ass, dass de Grand-Duché competitiv bleift an u sengem, fir Firmen interressanten Steiersystem festhält.

Dëse Message ass dann och bei de Sozialisten ukomm. De President Alex Bodry confirméiert an engem Wort-Interview, dass d'LSAP an d'CSV tatsächlech e Kompromëss iwwert eng méiglech Ännerung a punkto Index fonnt hätten.

Dëst sinn eng ganz Rëtsch un Aussoen, déi d'geplangte Gespréicher dëse Nomëtten net onbedéngt erliichtere wäerten, op alle Fall wat eng Entrevue tëscht den dräi Haaptgewerkschaften am Land (LCGB, OGBL an CGFP) an dem Premier Jean-Claude Juncker ubelaangt. Och wann d'Gewerkschafte sech bereet erkläert hunn iwwert déi steierlech Mesurë vun der Regierung ze diskutéieren, sou bleiwe si awer konsequent  a refuséiere weiderhin, dass un der Indexatioun soll geréckelt ginn. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn