Mardi 02 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Police warnt viru Wanter-Abréch a gëtt Conseilen fir se ze verhënneren

De fréizäitege Sonnenënnergang erméiglecht et, datt d'Déiwen am Däischteren méi einfach an Haiser abriechen kënnen, wou d'Awunner eréischt spéider am Dag heemkommen. D'Police ass och op d'Mataarbecht an Opmierksamkeet vun de Lëtzebuerger Awunner ugewisen.

D'Police réit, d'Wunneng esou ze hannerloossen, datt potentiell Abriecher dovunner ausginn, datt een doheem ass. Et soll een och den Noper informéieren a froen,

d'Wunneng am Aen ze halen an eventuell d'Luucht auszemaachen, d'Bréifkëscht eidel maachen oder gréisser Päck, déi virun der Dir leien, ewech ze huelen. Et soll een och vermeiden, Bestellziedelcher fir de Mëllechmann oder de Bäcker op der Hausdier oder op der Bréifkëscht ze hannerloossen. Dëst wieren och Hiweiser fir d'Abriecher.

Am Fall wou an der Nuecht een Abriecher an der Wunneng iwwerrascht dann soll een sech direkt bemierkbar maachen, d.h. D'Luucht umaachen oder no Hëllef ruffen, an natierlech direkt den 113 uruffen. Normalerweis géif den Täter direkt flüchten.

Och ouni ze zécken den 113 uruffen, wann een eng verdächteg Persoun, Auto oder Beweegung an der Strooss gesäit.

D'Police bitt am Kader vun der Campagne fir d'Sensibilisatioun géint Abréch e Vakanzen-Zerwis un, an deem präventiv Surveillance-Patrouillen fir Wunnengen, déi op eng länger Zäit onbewunnt sinn, organiséiert ginn.

Fir weider Informatiounen, www.police.lu

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn