Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Jean-Claude Juncker: “Mir sinn eis eens ginn”

Méi wéi fënnef Stonne souzen d'Gewerkschaften an de Premierminister Jean-Claude Juncker zesummen. D'Gespréicher hu sech wéi schonn sou dacks, ëm déi ëmstridde Spuerpolitik vun der Regierung gedréint, déi vum OGBL, LCGB an CGFP op schäerfst kritiséiert a refuséiert gi waren. Elo konnt ee sech deemno endlech op e Kompromëss eenegen.

D'Regierung ass dann och op eng vun de wichtegste Fuerderungen agaang, de Frais de Déplacement. Iwwerdeems konnten d'Gewerkschafte sech net géint

d'Krisesteier duerchsetzen, déi dann, ab nächstem Joer, op 0,8 Prozent um Salaire ofgerechent gëtt. Ob dëst tatsächlech och 2012 de Fall wäert sinn, muss zu dem Zäitpunkt nach gekuckt ginn.

D'Regierung ass der Meenung dass een an de leschte Joren huet missen e Compétivitéistverloscht feststellen, sou de Jean-Claude Juncker no de Gespréicher mat de Gewerkschaften, déi dëst géifen dat awer mat Nuancen anescht gesinn. Eens wier ee sech dass e Problem besteet, an dass Handlungsbedarf besteet.

Eens gi wier ee sech awer och, ënner anerem wéinst de Risiko, deen duerch eng Explosioun vun de Pëtrolspräisser besteet, dass déi nächst Indextranche den 1. Oktober vum nächste Joer 2011 fälleg ass. Am Géigenzuch hätt de Finanzminister an d'Regierung proposéiert, dass een aus dem Spuerpak, déi Moossnam aus der Halbéierung vun de Frais de Déplacement fale léisst. Dëst net ouni Grond, ass en ausbezuele vum Index op den 1. Oktober, eng Économie am Staatsbudget, déi där entsprécht, déi een ënner Form vu Steiererhéijungen ausgemaach hätt.

Donieft wier ee sech och eens ginn, dass fir d'Joer 2012, am Fall wou tëscht dem 1. Oktober 2011 an dem 1. Oktober 2012 méi wéi eng Indextranche géif ufalen, dass ee sech dann erëm zesummesetzt a kuckt op et da bei enger Indextranche bleift oder léiwer nach eng Kéier verréckelt. Am Fall vun enger Verschibung misst een dann awer Kompensatiounen am Beräich vum Sozialpolitik sichen. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn