Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Lescht Chance fir Frankräich

Am Sträit iwwert d'Massenexpulsiounen vun de Roma aus Frankräich, huet déi Europäesch Kommissioun Paräis nach eng lescht Chance ginn. D'Regierung vum Nicolas Sarkozy soll bis den 15. Oktober noweisen, dass déi, zanter 2004 gülteg EU-Richtlinn fir d'Liberté de Mouvement komplett ëmgesat ginn ass. Wa net, steet Frankräich en offiziellt Verfahre wéinst Vertragsverletzung bevir.

D'Vivane Reding , Justizkommissarin bei der EU-Kommissioun huet iwwerdeems matgedeelt, dass Bréissel rechtlech Schrëtter ouni ze

zécken an d'Weeër leede wäert. “Frankräich huet en europäescht Recht net op déi Manéier ugewannt, wéi et eigentlech sollt sinn an dowéinst kéint et zu engem Verfahre kommen”, sou d'Erklärung vun der Lëtzebuergerin. “Wa Frankräich seng Gesetzer séier ännert, da gëtt d'Verfahre gestoppt”.

Wat huet Frankräich falsch gemaach

“Et ass wichteg, dass all Bierger schrëftlech iwwert seng Ausweisung informéiert gëtt an dass déi betraffe Persoun dann e Recours recht huet. Bei de Expulsioun vun de Roma aus Frankräich, wier dëst net de Fall gewiescht. Dat muss an Zukunft anescht sinn”, sou d'Viviane Reding.

Donieft huet och de Reproche bestan, dass Frankräich d'Roma diskriminéiert huet, si also nëmmen dowéinst ausgewisen huet, well et Roma sinn. Ausléiser vun dëser Diskussioun ass de Regierungscirculaire vum 5. August an där drastoung, dass prioritär déi illegal Roma-Lageren a Frankräich solle geraumt ginn. “En Text, deen op Drock vun der EU-Kommissioun, zeréckgezu ginn ass”, confirméiert  d'Viviane Reding.

Déi franséischt Regierung muss, op Opfuerderung vun der Europäescher Kommissioun, awer elo sämtlech Dokumenter, déi beim Ordre d'expulsion opgesat gi waren, virleeën, fir sou kënnen ze beweisen, dass déi europäesch Bierger net diskriminéiert gi sinn. Frankräich huet deemno Zäit bis den 15. Oktober Zäit déi gefuerdert Dokumenter zu Bréissel ofzeliwweren. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn