Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Während enger Alkoholskontroll verhaft

Wéi d'Police matgedeelt huet, hu so e Chauffer  no enger Alkoholskontroll, géint 21.15 Auer an der Route Thionville zu Hesper, misse verhaften. D'Beamten haten den Auto aus Frankräich fir eng Alkoholskontroll gestoppt, den Test beim Chauffer ass dann och positiv verlaf. De Mann konnt awer weder e Führerschäin, nach en Auswäis virweisen, donieft huet och mat sengen Autospabeieren net alles gestëmmt. Eng éischt Iwwerpréiwung vun de Personalien, déi de Mann gemaach hat, hu kee Resultat bruecht.

Op emol eng

Schrecksekonn

Ee vun de Beamten huet de Grëff vun enger Waff am Säitefach nieft der Chauffersdier entdeckt. D'Waff, déi sech als realistesch Plastikswaff erausgestallt huet, ass doropshi séchergestallt ginn. De Mann ass fir eng Sécherheetsduerchsichung aus dem Auto komplimentéiert ginn.D'Police hu bei dëser Duerchsichung direkt zwee Portemonnaië fonnt, een souguer mat Personalauswäis.

Net nëmmen dass de Mann d'Police belunn huet, hien hat och nach falsch Donnéeën zu senger Identitéit gemaach. Ma net genuch, hat de Mann och nach e Fuerverbuet. Fir d'Beamte stoung fest, dëse Mann muss verhaft ginn.

De Parquet générale huet d'Beschlagnahmung vun der Spillwaff ugefuerdert. Donieft ass de Mann engem Dokter presentéiert ginn, deen en Haftfäegkeetstest ausgestallt huet. Elo setzt de Mann am Prisong zu Schraasseg. Am Asaz war de Centre d'Intervention un Hesper. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn