Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

OGBL weist sech zefridden

”Ech confirméieren, dass den sozialen Dialog tëscht der Regierung an de Gewerkschaften erëm opgeholl ginn ass”, sou den André Roeltgen, OGBL-Generalsekretär, en Donneschdemoien am Gespréich mat news352.lu. “Mir sinn immens zefridde mam Resultat a mir hunn et gepackt al Verännerung vun der Indexatioun ze verhënneren”.

Den André Roeltgen huet dann eng weider Kéier betount, dass sämtlech Propositiounen, déi zanter der Tripartite vun der Regierung an de Patronater revendiquéiert

gi waren, dat heescht Ofschafung vum Indexsystem, d'Alternativ d'Pëtrolspräisser aus dem Calcul rauszehuelen, net zeréckbehale gi sinn. Elo wier et un de Patronater, ze kucke wéi sech d'Verhandlunge wieder entwéckelen.

“Ech riichte mech elo virsiichteg un d'Patronater, si mussen hir aggressiv Fuerderungen géint Diskussiounen ëm d' Lounsituatioun elo eventuell iwwerdenken”, ënnersträicht den OGBL-Generalsekretär seng positiv Usiicht. “Ech offen , dass d'Patronater zum Schluss hir Virgoensweis nach iwwerpréiwen. Elo ass et un hinnen de Sozialdialog weider ze förderen”. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn