Dimanche 07 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Positiven Dopingtest beim Contador – Andy Schleck elo op 1?

Dëst huet de Cyclissem-Weltbverband UCI um Bord vun de Weltmeeschterschafte am australesche Geelong bekannt ginn a schwätzt vun enger virleefeger Spär géint de Spuenier. Dat positivt Doping-Resultat, dat duerch den WADA-Labo zu Köln festgestallt ginn ass, ass dann och schonn duerch eng B-Prouf confirméiert ginn.

De Contador, deen am Summer seng drëtten Tourvictoire mat 39 Sekonne Virsprong op de Lëtzebuerger Andy Schleck gewonnen hat, féiert déi positiv Prouf op e Mëttel bei enger Liewensmëttelvergëftung

zeréck. Den 27-Jäerege wëll am Nomëtten eng Pressekonferenz am Hotel Las Artes zu Pinto ofhalen.

“D'Konzentratioun loung bei engem Wäert vun 50 Pikogramm, deen domat 400-mol méi niddereg wéi deen, deen de WADA-Labo entdeckt hat”, heescht et am UCI-Communiqué. Am Hibléck op déi geréng Konzentratioun huet d'UCI direkt eng Analyse vun der B-Prouf ugefuerdert, déi d'Resultat confirméiert. De Cyclist ass doropshi gespaart ginn.

D'Fro, déi sech elo stellt, ob den Andy Schleck tatsächlech och nodréiglech nach zum Vainqueur gewielt gëtt. Méi genee wëssenschaftlech Ënnersichunge mussen a punkto méiglechen Doping vum Alberto Contador nach duerchgefouert ginn, ier een awer eng definitiv Conclusioun zéie kann. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn