Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Zeienopruff: Dëse Mann huet 900 € geklaut

Den 12. Mee 2010 géint 19.00 Auer, stoung  en eeleren Här  mat e puer Artikelen (T-Shirt an Sportstäsch) bei d'Keess am Akafszentrum vun Uewerpallen a wollt bezuelen. Hien huet doropshin en 500-Euro-Schäin aus senger Täsch gezunn a vun der Caissière nëmme kleng Schäiner verlaangt als Wiesselgeld. No engem klengen Hin an Hier, huet de Mann et virgezu selwer mat hannert d'Keess ze goen, an huet zougegraff.

D'Vendeuse war därmoossen iwwerrascht an duercherneen, dass si net gemierkt huet, dass de Mann sou Sue klaue konnt.

Scheinbar war net genuch Wiesselgeld an der Keess, sou dass d'Vendeuse mam Mann bei eng zweet Keess gaang ass. Ma och do sollt sech de Szenario genee d'selwecht ofspillen. De Mann huet och hei eng zweete Kéier an d'Keess gegraff.

Eng anerer Vendeuse war dëst schlussendlech zevill des Gudden a wollt agräifen. De Mann huet d'Been an de Grapp geholl an ass mat sengen 500 Euro aus dem Buttek gelaf. Et huet sech doropshin erausgestallt, dass de Mann eng Zomm vun 900 Euro geklaut hat.

Déi gesichte Persoun ass ongeféier 1,70 Meter grouss, tëscht 50 an 60Joer al, war éischter e südlänneschen Typ mat kuerze liicht groen Hoer. Donieft huet de Mann e laangen Häremantel ugehat, war och soss immens gefleegt, huet Franséisch mat engem liichten Accent geschwat an hat Flecken (wéi eng Aart Sommerprossen) am Gesiicht.

Sämtlech Hiwäiser zur Identitéit vum Mann, sinn um 113 ze mellen. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn