Dimanche 30 Juin 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

EU: Milliarde vun Euroen onbenotzt

Engem EU-Kommissiounsrapport no, huet de Grupp nëmmen 10% vun den 347 Milliarden Euro ausginn, déi bis 2013 fir d'Fuerderung vum Wuesstem an d'Reduktioun vun den economeschen Ongläichheeten op d'Säit geluecht goufen. De Fong gëtt benotzt, fir Projeten ze finanzéieren, vum Bau vu Brécken, bis zum Training vun Employéeën a Fastfood Restauranten.

Am Joer 2006 hu sech d'EU-Memberen iwwer d'Richtlinnen fir d'Investissementer gëeenegt. Dëst ass awer geschitt, ier d'Regierunge gezwonge waren, hir ëffentlech Ausgaben

wéinst der Finanzkrise ze reduzéieren. Ënner der Vereinbarung géif d'EU nëmmen d'Suen zur Verfügung stellen, wann déi individuell Regierungen d'Halschent vun de Projetskäschte selwer bezuelen.

Am interne Rapport vun der EU-Kommissioun, deen d'Financial Times gesinn huet, ass de Probleem betount ginn. 'Déi ëffentlech Ausgaben sinn ëmmer méi belaascht ginn, a vill Projeten hu missen annuléiert ginn, ier d'Phase vun de Kontrakter ugefangen huet oder souguer während dem Projet selwer, well d'Beneficiairen hir eegen Kontributiounen net séchere konnten', sou de Rapport.

D'Enquête, déi zesumme mam Bureau fir Investigative Journalismus ausgeféiert gouf, huet de Fong notamment kritiséiert, well en zu engem System gehéiert, deen immens selten d'Korruptioun bestrooft. D'Enquête vum Financial Times huet erausfonnt, datt 8.4 Milliarden Euro aus Fehler ausbezuelt goufen. 25% vun dëser Zomm mussen nach recuperéiert ginn.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn